Iwwerdeems konnt sech den Opsteiger HC Standard beim 1. Match an der neier Saison géint de Chev Dikrech eng däitlech Victoire sécheren.

E Samschdeg den Owend war am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären de 4. Spilldag, d'Damme si fir de Kont vum 2. Spilldag opgelaf.

Hären-Handball

Red Boys Déifferdeng - HB Diddeleng 37:30 (14:18)

Déi Déifferdenger, déi bis elo 1 Victoire an 1 Defaite um Konto stoen hunn, wollte sech géint d'Ekipp aus der Forge du Sud den 2. Erfolleg vun der Saison sécheren. Fir den HBD war et eréischt den 2. Match, ma e Samschdeg den Owend ass een awer gutt géint d'Red Boys gestart. No engen éischten 30 Minutten, an deenen Déifferdeng net déi néideg Aggressivitéit géint d'Gäscht un den Dag geluecht huet, ass Diddeleng mat enger 4-Gol-Féierung an d'Paus gaangen.

Dono war d'Kierpersprooch bei der Lokalekipp eng aner: Déifferdeng koum gutt aus de Kabinnen an huet direkt gutt Intentioune gewisen, fir nees zeréck an dëse Match ze kommen. 7 Minutten no der Paus haten d'Red Boys déi Diddelenger dunn och ageholl a sou goung et mat engem liichten Avantage an d'Schlussphas vun dësem Match. Déifferdeng war méi stabil, Diddeleng konnt sech awer géint der Enn vun der Partie nees fänken - et war ausgeglach. Um Enn blouf et awer bei der Féierung vun Déifferdeng, déi d'Nerve behalen hunn an domat de Match nom Réckstand an der Paus dréie konnten.

RTL

© Serge Olmo

HC Standard - Chev Dikrech 24:16 (12:5)

D'Ekipp aus der Brauereistad goung géint den Opsteiger aus der Stad als Favorit an d'Partie. Déi Stater konnten déi éischt 3 Matcher vun der neier Spillzäit wéinst Coronafäll net untrieden, ee suboptimale Start an d'Saison 2020/21. Ma den Opsteiger ass awer gutt an de Match komm a louch no der 1. Hallschecht mat engem agreabele Virsprong am Avantage.

An der 2. Hallschecht huet den HC Standard dann och näischt méi ubrenne gelooss an domat déi 1. Victoire an der neier Saison konnte feieren.

Tabell Hären

Dammen-Handball

HC Standard - HB Beetebuerg 25:23

HB Käerjeng - Chev Dikrech 28:22

HB Diddeleng - Red Boys Déifferdeng 30:16

HB Museldall - Handball Esch 30:20

Tabell Dammen