Miersch verléiert doheem géint Diddeleng
De Standard léisst deene Péitenger keng Chance a gewënnt mat 33:22. D'Red Boys wannen no Startschwieregkeete géint Dikrech.
E Samschdeg den Owend war am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären de 6. Spilldag.
Hären-Handball
HC Standard - HB Péiteng 33:22
Ënnert dem Impuls vum Luca Kremer huet de Standard immens gutt ugefaangen an esou stoung et no 10 Minutte 7:2 fir d'Lokalekipp. Bei de Péitenger huet vun Ufank un Kierpersprooch gefeelt, de Standard war vill méi bësseg, souwuel an der Offensiv wéi och an der Defensiv. 16:9 stoung et an der Paus.
Och no der Paus war et op Péitenger Säit meeschtens Eenzelaktiounen, déi fir Goler fir d'Gäscht gesuergt hunn. D'Lokalekipp huet weiderhi gudden Handball gewisen, si bësseg bliwwen an hunn no Ballgewënner immens schnell no Vir gespillt. D'Ekipp vu Bouneweg gewënnt verdéngt mat 33:22 géint Péiteng.
HC Bierchem - HB Käerjeng 31:31
D'Gäscht waren déi méi flénk Ekipp, an esou war Käerjeng mat 2 Goler am Avantage, an dat, well de Chris Auger ganz gutt Paraden um Ufank vum Match gewisen huet. Dono ass Bierchem besser an de Match komm, stounge stabil an der Defense, mat engem ganz gudde Mëttelblock, an esou louchen si no 16 Minutten 9:6 a Féierung. Käerjeng huet sech dono an der Defense awer erëm bëssen erkritt. 14:12 stoung et an der Paus fir d'Lokalekipp.
Nom Téi huet d'Ekipp aus dem Réiserbann de Virsprong op 18:14 ausgebaut. Käerjenger, déi de ganze Match mat den Arbitter Entscheedunge gehapert hunn, hate weiderhi Problemer esou richteg an de Match ze fannen. No 50 Minutte louche si mat 22:28 a Réckstand. D'Schlussphase sollt dunn awer nach emol ganz spannend ginn, dat well d'Lokalekipp iwwer 6 Minutte kee Gol méi geschoss huet an déi Käerjenger ënnert dem Impuls vum Pierre-Yves Ragot de Réckstand ausgeglach hunn. 29:29 huet de Score 3 Minutte viru Schluss ugewisen. 20 Sekonne viru Schluss huet de Jacques Tironzelli den 31:30 fir Käerjeng markéiert. An duebeler Ënnerzuel ass Bierchem a leschter Sekonn awer nach den Ausgläich gegléckt. Wat e Match!
Red Boys Déifferdeng - Chev Dikrech 36:22
HB Esch - HBC Schëffleng 33:20
HB Miersch - HB Dideleng 21:33
Tabell Hären
Dammen-Handball
Bei den Damme gëtt dëse Weekend net gespillt. De 5. Spilldag ass fir den 10 Oktober ugesat.