De Weekend iwwer waren och nees eng ganz Partie Lëtzebuerger Sportler am Ausland am Asaz.

Handball

Bei der 32:25-Victoire vu Rimpar géint Großwallstadt an der 2. däitscher Bundesliga konnt den Tommy Wirtz 6 Goler bäidroen. Dem Lëtzebuerger Nationalspiller säi Veräin steet domadder op der 5. Plaz an der Tabell.

De Joe Schuster war dann och an der 2. däitscher Bundesliga am Asaz. Hien huet mat senger Ekipp Gummersbach 25:27 géint de Leader ASV-Hamm-Westfalen verluer. Gummersbach steet elo op der 4. Plaz an der Tabell.

Basket

An Éisträich an der 1. Liga konnt Klosterneuburg sech mam Alex Laurent mat 87:76 géint Wien duerchsetzen. De Lëtzebuerger stoung liicht iwwer 20 Minutten um Terrain a konnt 4 Punkte markéieren.

Um 4. Spilldag vum Basketchampionnat an Italien huet San Martino di Lupari mat 77:70 géint BK Costa mam Lisa Jablonowski gewonnen. D'Lëtzebuergerin stoung 32 Minutten um Terrain an huet 7 Punkte geschoss.

Volleyball

E Samschdeg war dann och d'Julie Teso an der Bundesliga Süd am Asaz. Holz huet de Match allerdéngs mat 1:3 géint Stuttgart II verluer.

Och fir de Maurice van Landeghem an de Steve Weber gouf et de Weekend eng Néierlag. Si verléiere mat TB Bliesen 1:3 géint Hammelburg. Domat bleift Bliesen op der leschter Plaz an der Bundesliga Süd bei den Hären.

Mam Kamil Rychlicki konnt dann awer och ee Lëtzebuerger eng Victoire feieren. An der éischter italienescher Liga wënnt Lube Civitanova nämlech kloer mat 3:0 géint Kioene Padova. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet 10 Punkte markéiert.