D'Lëtzebuergerin huet sech mat hirer Ekipp géint SKST Stavoimpex HodoniN behaapt a sech domadder d'Gruppevictoire geséchert.

11 Ekippen triede vum 3. bis den 8. Dezember un, fir ënnert sech de Gewënner vun der Champions League am Dammendëschtennis auszemaachen.

Nodeems St Quentin en Donneschdeg deen éischte Match géint Villach gewanne konnt, ass e Freideg géint Hodonin eng weider Victoire dobäi komm. D'Ekipp ronderëm d'Sarah de Nutte huet sech domadder fréizäiteg fir d'Halleffinalle vun der Champions League qualifizéiert.

E Méindeg geet et mat den Halleffinalle weider.