E Samschdeg de Mëtteg koum eng traureg Nouvelle aus dem Lëtzebuerger Volleyball.

De Roby Decker ass am Alter vun 89 Joer gestuerwen. Den Éierepresident vun der Lëtzebuerger Volleyballfederatioun war 9 Joer, vun 1976 bis 1985, President vun der FLVB.

Nieft senge Funktioune bei der Lëtzebuerger Volleyball-Federatioun gouf de Roby Decker 1973 Member vum COL, deen ee Joer méi spéit zum COSL gouf. Donieft huet hie sech vun 1985 bis 1991 als Generalsekretär bei de JPEE engagéiert an huet als Grënnungsmember a Vizepresident vun der Alpaps (1978-1999) och d'Special Olympics hei am Land gefërdert.

D'RTL-Ekipp dréckt der Famill hiert häerzlecht Bäileed aus.