D'Ni Xia Lian denkt mat hiren 58 Joer, nach net drun, e Schlussstréch ënnert hir Karriär ze zeien.

Am leschte Rapport vum Comité Directeur vun der Lëtzebuerger Dëschtennisfederatioun steet ze liesen, datt d'FLTT eng Demande beim COSL wäert maachen, fir datt d'Ni Xia Lian an d'Sarah de Nutte d'Olympiafërderung kréien, fir sech fir d'Olympesch Summerspiller 2024 zu Paräis ze qualifizéieren.

D'Ni Xia Lian hat jo mat enger Sëlwermedail virun zwee Joer bei den Europaspiller zu Minsk, hiren Ticket fir d'Olympesch Spiller, déi dëst Joer am Summer zu Tokio sinn, geléist.