Den HB Beetebuerg wëll op Suessem plënneren
42 Joer gëtt schonn zu Beetebuerg Handball gespillt. Dat soll sech awer, wann et dem Veräin no geet, gläich änneren.
Et ass schonn ongewéinlech, datt am Lëtzebuerger Sport e Club d'Uertschaft wëll wiesselen. D'lescht Woch war et d'Nouvelle, datt den Handball Club vu Beetebuerg op Suessem géif wëlle goen. Mir hunn bei deene Responsabele vum Handball Club nogefrot, déi eis awer gesot hunn, datt een am Moment näischt zu deem Ganze wéilt soen. Bei der Beetebuerger Gemeng ass een awer méi wéi onglécklech iwwert déi aktuell Situatioun.
Virun allem wann ee bedenkt, datt den Handball Club vu Beetebuerg schonn ronn 42 Joer zu der lokaler Sportswelt gehéiert, seet de Sportschäffe Gusty Graas:
Also mir als Gemeng Beetebuerg sinn natierlech iwwerrascht gewiescht iwwert déi doten Ukënnegung. Quitt, datt mer deelweis am Bild waren, datt si gegebenefalls aus der Gemeng hire Siège social ze verleeën. Mir haten awer net gemengt, datt et elo esou séier géif goen. Natierlech bedauere mer dat, mir gesinn dat awer nach net als lescht Wuert.
Déi Responsabel vum Handball Club vu Beetebuerg hu mat der Gemeng vun Suessem an der Hal um Belval och schonn, souzesoen eng nei Heemecht fonnt, wann de Championnat an der ieweschter Divisioun am Februar nees lass geet. D'Damme vum HBB spille jo an der héchster Divisioun. D'Fro stellt sech awer natierlech, wisou e Club, wat jo scho souwisou exzeptionell ass, dann och nach am Laf vun der Saison d'Lokalitéit wëll wiesselen:
Ech mengen, déi Fro muss een emol fir d'Éischt u si selwer stellen. Eis sinn eng oder déi aner Ursaach matgedeelt ginn, déi mir awer net esou kënnen novollzéien. Mir hunn fir dee Club, als Gemeng, dësen an och déi Schäfferéit virdru schonn, vill gemaach. Mir hunn immens gutt Infrastrukturen, mir hunn zwou Halen, kréie lo nach eng Drëtt. Mir hunn och vill Investissementer net nëmmen an den Handball awer och an dee Veräin gemaach.
Et ass ze héieren, datt ee Punkt vun den Divergenzen, den Haarz wär, deen een un d'Fangere beim Handball mécht, an deen de Buedem vun enger Hal scho knaschteg mécht. Déi Responsabel vum Club hunn eis gesot, datt et awer nach net definitiv wär, datt een op Suessem géif wiesselen. Bei der Gemeng Beetebuerg ass een nach dialogbereet, de Club krit awer lo och nach schrëftlech matgedeelt, datt ee bis Ufank Mäerz Zäit huet, fir definitiv ze soen, ob ee bleift oder ob ee geet.