
© AFP
Op der Handball-Weltmeeschterschaft sinn e Mëttwoch den Owend d'1/4-Finalle gespillt ginn.
Den Titelverdeedeger Dänemark steet bei der Handball-WM an Ägypten ënnert de véier leschten Ekippen. An engem ganz spannende Match huet ee sech am éischte Match vum Dag no Verlängerung a Siwemeter-Schéisse mat 39:38 (28:28) géint Ägypten behaapt.
Dänemark trëfft an der Halleffinall elo op Spuenien, den aktuellen Europameeschter. D'Spuenier hu sech no 60 Minutte mat 31:26 (21:15) géint Norwegen behaapt.
An der zweeter Halleffinall sti Schweden a Frankräich. Schweden huet kloer mat 35:23 (14:10) géint de Katar gewonnen a Frankräich war Ungarn mat 35:32 (12:14) iwwerleeën.
D'Halleffinalle ginn e Freideg gespillt. E Sonndeg ass dann d'Finall.
D'Halleffinallen am Iwwerbléck
Dänemark - Spuenien
Schweden - Frankräich