An den Halleffinalle konnt sech Schweden 32:26 géint Frankräich duerchsetzen an Dänemark huet sech mat 35:33 géint Spuenien behaapt.

Frankräich-Schweden 26:32

Schwede war vun Ufank u spillbestëmmend an hat am ganze Match just een eenzege Réckstand, dat beim Stand vu 6:7 aus hirer Siicht. Ma dono konnt d'Ekipp aus dem Norde vun Europa e 4:0 hileeën a sech esou e Virsprong vun dräi Punkten erausspillen, dee si bis zur Paus, wou et 13:10 stoung, konnte verdeedegen.

Frankräich ass besser an déi zweet Hallschent gestart a koum séier op ee Gol erun, beim Stand vu 16:17, ma dono hunn d'Schweden nees en 3:0 higeluecht an haten dunn en Avantage vu véier Goler. Dëse konnte si am Laf vun der zweeter Hallschent esouguer nach ausbauen, esou datt si zum Schluss sech kloer a verdéngt mat 32:26 duerchgesat hunn.

Spuenien - Dänemark 33:35

An der zweeter Halleffinall krut et den Europameeschter mam Titelverdeedeger ze dinn. Hei hat vun Ufank un Dänemark d'Nues vir, konnt sech awer ni wierklech wäit ofsetzen. Den héchsten Ecart an der éischter Hallschent gouf et beim Stand vun 8:13, ma d'Spuenier konnte sech virun der Paus nach op 2 Goler zeréckkämpfen. Beim Stand vun 16:18 goufen d'Säite gewiesselt.

No der Paus hunn d'Dänen den Ecart nees direkt op 4 Goler ausgebaut a konnten deen och eng länger Zäit halen. Am Laf vun dësen 30 Minutten si si awer kuerz an e Lach gefall, wat d'Spuenier konnten notzen, fir nees op 1 Gol bäizekommen, dat beim Stand vu 25:26. Ma d'Dänen hu sech dono nees gefaangen a konnte sech nees e Virsprong vun 3 bis 4 Goler erausspillen. Zum Schluss sinn d'Spuenier awer nees op 1 Gol bäikomm beim 33:34, konnten awer net méi laanscht d'Dänen zéien. D'Nord-Europäer hunn zum Schluss nach e leschte Gol markéiert a wannen esou ee knappe Match, bei deem si awer net eng Kéier a Réckstand gerode waren.

An der Finall e Sonndeg treffe si dann op hiren Noper Schweden. Déi aner Noperen, Frankräich a Spuenien, spillen ëm d'Plaz 3.