Den Titelverdeedeger kann an enger intensiv gefouerter Finall hirem Goalkeeper Niklas Landin Merci soen, a gewënnt d'Finall mat 26:24 géint Schweden.

Den aktuelle Weltmeeschter aus Dänemark hat virun allem an der Ufanksphas déi besser Aktiounen a stoung an der Defensiv immens kompakt. Béid Ekippen hunn attraktiven Handball gewisen an och déi 2 Golkippe waren alle Béid voll am Match. No intensiv gefouerten 20 Minutte stoung et zu Kairo 10:10-Gläich. Dono waren et d'Schweden, déi ënnert dem Impuls vum Nielsen a Pellas fir déi éischte Kéier an der Finall a Féierung gaange sinn (12:10). No 30 Minutten huet Dänemark de Match awer erëm konnten ausgläichen, sou dass béid Ekippe beim Score vun 13:13 an d'Vestiairë gaange sinn.

Och an der 2. Hallschent hu sech béid Ekippen iwwerhaapt näischt geschenkt. Mol louch Dänemark a Féierung, mol war et déi schwedesch Ekipp, där et gelongen ass, der kompakter dänescher Defense hire Stempel opzedrécken. Ronn 15 Minutte viru Schluss huet dunn den Holm 2 Goler um Stéck geschoss a sou ass Dänemark mat 3 Goler Virsprong an déi lescht 10 Minutte gaangen. Duerch eng staark Leeschtung vum dänesche Keeper Landin an de Schlussminutten huet den Titelverdeedeger de Virsprong iwwert d'Zäit bruecht a ka sech iwwert e weidere WM-Titel freeën.

Spuenien - Frankräich 35:29

Am Match ëm déi 3. Plaz huet sech am fréien Nomëtteg Spuenien relativ däitlech mat 35:29 géint Frankräich duerchgesat.

Spuenien