Déi Ekipp mam beschte Golkipp gouf Weltmeeschter

© AFP
An der Finall huet den Niklas Landin am dänesche Gol zum Schluss den Ënnerscheet konnte maachen.
Vill Handball-Experten hunn ëmmer nees ënnerstrach, datt déi Ekipp Weltmeeschter wäert ginn, déi dee beschte Golkipp huet. Dänemark konnt no enger extrem spannender Finall bei der WM an Ägypten säin Titel géint Schweden verdeedegen. Den decisive Spiller war effektiv de Mann tëscht den dänesche Pottoen Niklas Landin.
Dee Mann hei am Land, deen déi Leeschtung am Beschte kann aschätzen, ass de Lëtzebuerger Rekordnationalspiller Mike Majerus, deen ëmmerhin 183 Mol an der Nationalekipp am Gol stoung.
Den Niklas Landin war am entscheedende Moment nees do. Mat 41 Prozent vu gehalene Bäll war hien entscheedend. Wann een elo en Topp-Golkipp hëlt, da bréngen déi d'Begabung mat, zu den entscheedende Momenter do ze sinn.
D'Fro stellt sech natierlech, wat en Handballs-Golkipp muss matbréngen, fir zu deene Beschten op der Welt ze gehéieren.
Du brauchs eng gewësse Gréisst, eng Beweeglechkeet, gutt Reflexer, däi sportlecht Talent. Du muss Loscht hunn, vill ze trainéieren, du brauchs eng gewësse Chance, dech net ze blesséieren, eng gewësse Chance, de richtege Moment am beschte Club ze sinn.
Da kënnt am Laf vun der Karriär bei engem Golkipp awer och nach eppes dobäi, esou de Mike Majerus:
Wann een de Ruff bis huet, am entscheedende Moment do ze sinn, spillt dat mat bei de Spiller, datt se emol e Ball verwerfen, dee se soss net géife verwerfen.
En exzellente Golkipp mécht scho vill aus, seet de fréiere Keeper vum HC Bierchem, ma fir ze gewannen, brauch een awer och eng gutt Ekipp, soss kann dee beschte Mann tëscht de Pottoen och net vill maachen.