Diddeleng léisst dem Opsteiger Lénger keng Chance a gewënnt mat 5:0. De Briddel spillt iwwerdeems doheem 3:5 géint d'Union.

No der opgezwongener Corona-Paus stoungen d'Ekippen aus der BDO TT League dëse Weekend nees um Terrain. Fir de Retard aus deene leschte Méint erëm opzehuelen, stoung um Samschdeg de 6. Spilldag um Programm an e Sonndeg geet et direkt mam 7. Spilldag weider. E volle Programm deemno fir d'Ekippen.

De Spëtzematch huet den Opsteiger Lénger géint den aktuelle Meeschter Diddeleng gespillt. Béid Ekippen hate virum 6. Spilldag nach kee Match verluer. Lénger sollt awer keng Chance hunn a verléiert kloer mat 0:5. Den Tabelleleader Houwald huet a sengem Match iwwerdeems doheem géint Éiter-Waldbriedemes 4:4-Gläich gespillt. 

Den Iwwerbléck vun de Partien an der Nationaldivisioun