Miersch kroopt sech géint Schëffleng déi lescht Plaz am Playoff

© Archiv
Duerch eng gutt Leeschtung zitt Miersch nach laanscht de Standard a séchert sech déi 6. Plaz am Championnat.
E Samschdeg den Owend war am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären den Nodrosmatch fir de Kont vum 3. Spilldag. Hei goung et am Match tëscht Miersch a Schëffleng fir d'Lokalekipp ëm déi leschte Plaz am Playoff. Fir sech nach eng Plaz ënnert de 6 beschten Ekippen ze sécheren, hu si awer géint Schëffleng misse wannen. An den éischte Minutte war et eng ausgeglache Partie a sou stoung et no gutt 13 Minutten och just 5:4 fir d'Haushären. Nodeems déi nächst 5 Goler awer alleguer zu Gonschte vu Miersch gefall sinn, konnte si sech no 19 Minutten eng komfortabel Avance erausspillen. Virun allem offensiv war Schëffleng an den éischte Minutten net geféierlech genuch. Virun der Paus konnte si sech awer nach eng Kéier an de Match zréckkämpfen, ma no 30 Minutte stoung et aus hirer Siicht nawell 11:16.
Ugefouert vum Alex Diedenhofen, deen insgesamt 10 Goler bäisteiere konnt, hunn déi Mierscher de Match och no der Paus net méi aus der Hand ginn. Schëffleng war virun allem offensiv ze schwaach, fir de Match am 2. Duerchgang nach eng Kéier spannend ze maachen. Um Enn klappt Miersch Schëffleng mat 32:22. Soumat spréngt Miersch nach laanscht de Standard a séchert sech déi leschte Plaz am Playoff, dëst well si den direkten Duell géint de Standard fir sech entscheet hunn.
Tabell Hären
Senjin Kratovic hält op
Wéi de Veräin e Sonndeg am spéide Moie an engem Schreiwe matgedeelt huet, huet de Senjin Kratovic aus perséinleche Grënn decidéiert, net méi fir den HB Miersch75 ze spillen.