Remis tëscht dem Houwald an Hueschtert/Foulscht

© Archiv
E Samschdeg stoung am Dëschtennis den zweetleschte Spilldag virum Playoff um Programm.
Diddeleng huet sech e Samschdeg fir de Kont vum 7. Spilldag am Dëschtennis-Championnat mat 5:3 géint Berbuerg duerchgesat a bleift un der Spëtzt vun der Tabell. Déi Diddelenger hunn ee Punkt Virsprong op Hueschter/Foulscht. D'Ekipp aus dem Weste vum Land huet sech mam Houwald ee 4:4 gedeelt. Den Houwald steet aktuell op der drëtter Plaz mat zwee Punkte manner wéi de Leader. Lénger steet weiderhin op der 4 a leschter Plaz, fir sech fir de Playoff ze qualifizéiere steet Lénger.
Schonn e Sonndeg gëtt dee leschte Spilldag virum Playoff gespillt. Do falen dann och déi lescht Decisiounen op den éischte véier Plazen.