
© Archiv
Eng 5:1-Victoire géint Rued geet duer, fir sech als 4. fir d'Halleffinallen ze qualifizéieren.
Um Sonndeg ass am nationalen Dëschtennis-Championnat d'Decisioun gefall, wéi eng 4 Ekippen et an de Playoff gepackt hunn. Nieft Diddeleng an Hueschtert/Folscht, déi an den Halleffinallen alle béid Heemrecht hunn, hunn et den DT Houwald an och nach den DT Lénger an d'Top 4 gepackt.
Wéi eng Ekippe géintenee spille gëtt vun der Federatioun per Auslousung entscheet.
Iwwerdeems huet sech och nach Éiter-Waldbriedemes mat 5:1 géint Union duerchgesat.
Den Iwwerbléck vun de Partien an der Nationaldivisioun
Am meeschte gelies