Victoirë fir Käerjeng an Diddeleng

© Screenshot
An der Axa League am Dammen-Handball war et e Mëttwoch den Owend d'Suite vum 1. Spilldag am Titelgrupp.
Nodeems de Chev Dikrech en Dënschdeg den Owend géint den HB Esch mat enger 34:20-Victoire an déi decisiv Phas vum Handball-Championnat gestart ass, gouf et e Mëttwoch den Owend Succèse fir Käerjeng an Diddeleng.
Déi Käerjenger Dammen hu sech mat 22:18 géint de Museldall behaapt. D'Lokalekipp huet vun Ufank un d'Fiedem an d'Hand geholl a sech séier eng Avance erausgespillt. No der éischter Hallschent hat een e Virsprong vu 7 Goler, dat beim Score vun 13:6. An den zweeten 30 Minutten huet Käerjeng de Virsprong geréiert an esou gouf et um Enn eng verdéngten 22:18 Victoire.
An der zweeter Partie vum Owend huet sech Diddeleng mat 25:21 géint d'Red Boys Déifferdeng duerchgesat. Waren déi éischt 15 Minutten nach enk, sou konnt d'Lokalekipp sech duerno e Virsprong vu 6 Goler bis d'Paus erausspillen. Mam Tëschestand vu 15:9 ass et an d'Paus gaangen. An der zweeter Hallschent huet den HBD näischt méi ubrenne geloossen an esou gouf et eng souverän 25:21 Victoire géint Déifferdeng.