Damme vum HB Museldall klappen Diddeleng

© RTL
An enger ganz serréierter Partie ka sech den HB Museldall um Enn 25:23 géint Diddeleng duerchsetzen. Bei den Häre ka sech Esch géint Miersch duerchsetzen.
E Sonndeg den Owend war am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Dammen d'Suite vun de Matcher vum Titelgrupp. An och bei den Häre gouf nach 1. Match gespillt.
Hären-Handball
Titelgrupp
HB Esch 41:27 HB Miersch (21:13)
Miersch, déi sech am leschte Spilldag fir den Titel-Playoff qualifizéiere konnten, verléiere mat 27:41 zu Esch. Vun Ufank un war ze gesinn dass Esch de grousse Favorit ass an huet Miersch keng Chance gelooss. An der Paus louchen d'Escher mat 21:13 fir. D'Ekipp déi lescht Joer nach an der Relegatioun gespillt huet, huet sech awer net opginn a hu versicht dat bescht aus hire Mëttelen ze maachen. Um Enn awer eng verdéngten Néierlag, aus där e sécherlech wichteg Erfarunge sammele konnt.
Käerjeng 29:29 Bierchem (16:13, 29:29)
Bei enger um Pabeier ganz ausgeglachener Partie waren déi éischten 10 Minutten, wéi erwaart, ganz serréiert. Et ass hin an hir gaangen a béid Formatioune konnte no gutt 10 Minutte sechs mol markéieren. Am weidere Verlaf konnt Käerjeng eng éischte Kéier ee klengen Ecart tëscht hinnen a Bierchem setzen. Duerch zwee Goler vum Pierre-Yves Ragot konnt d'Lokalformatioun mat 13:10 a Féierung goen. Bis zur Paus ass Bierchem näischt agefall, fir de Réckstand ze verkierzen, an esou goung et mat 13:16 aus hirer Sicht an d'Paus.
Bierchem hat sech allerdéngs nach net geschloe ginn. Si konnten de Match no 39 Minutten erëm ausgläichen an duerno esouguer mat 20:19 a Féierung goen. Duerno war et eng Partie op Aenhéicht. Béid Formatioune wollten d'Victoire, ma um Enn sollt et beim verdéngte Remis bleiwen. Domat bleiwe béid Veräiner punktgläich an der Tabell.
Red Boys Déifferdeng 23:29 Diddeleng (14:19, 23:29)
Nodeems et um leschte Weekend nach eng 30:27-Victoire fir d'Red Boys gouf, war Diddeleng op eng Revanche aus. An den éischte Minutte war et eng ausgeglache Partie, ma no 10 Minutte konnte sech d'Gäscht vun Diddeleng eng kleng Avance erausspillen, dëst beim Score vu 6:4 zu hire Gonschten. Diddeleng war an der Offensiv méi effizient wéi nach um leschte Weekend a sou konnte si hir Avance bis zur Paus weider ausbauen, a sou goung et iwwerraschend däitlech mat 19:14 aus Diddelenger Sicht an d'Halbzeit.
No der Paus war déi erwaarte Reaktioun vun de Red Boys ausbliwwen. Déi éischten zwee Goler ware fir déi Diddelenger, déi hir Avance soumat ausbaue konnten. Dee gréissten Avantage vu ganzer 10 Minutte gouf et no gutt 37 Minutten, dëst beim Score vu 14:24. D'Red Boys hu sech nach eng Kéier gerappt kritt, a si konnten den Ecart Stéck fir Stéck verkierzen. Diddeleng hat offensiv zäitweis 10 Minutte kee Gol markéiert, a sou gouf et um Enn nach eng Kéier spannend. Et sollt awer net duer goe fir d'Red Boys, déi um Enn mat 23:29 géint Diddeleng dee Kierzere gezunn hunn.

© Serge Olmo
Tabell Hären Titel
Relegatioun
CHEV Dikrech 35:27 Rëmeleng (17:14, 35:27)
Schëffleng 27:23 Péiteng (13:13, 27:23)
Standard 26:15 Bartreng (16:5, 26:15)

© Christophe Jost
Tabell Hären Relegatioun
Dammen-Handball
Titelgrupp
HB Museldall 25:23 HB Diddeleng (11:8)
Béid Ekippen hu sech näischt geschenkt an et ass op der Musel hin a hier gaangen. Bei Diddeleng waren et Geschwëster Wirtz, déi d’Heft an Hand geholl hunn, bei der Lokalekipp war op Claire Sertzig an der Offensiv Verlooss. Kuerz virun der Paus ass dem HB Museldall e 6:0 Laf gelongen, an esou louche Miseler Dammen an der Paus mat 11:8 a Féierung. No der Paus hu béid Ekippen eng immens serréiert Partie gewisen, et gouf sech wierklech ëm all Ball gekämpft. Um Enn ka sech awer den HB Museldall mat 25:23 géint den HB Diddeleng duerchsetzen.
Red Boys Déifferdeng 19:28 CHEV Dikrech (8:16)
Dikrecher Damme ware vun Ufank un besser am Match. No knappe 15 Minutte war de CHEV schonn's mat 7:2 a Féierung. Liliana Rodrigues a d'Alina Molkova hunn hire Stempel opgedréckt. Déifferdeng ass an der 2. Hallschent wuel nach emol liicht bei komm, fir um Enn awer verdéngt mat 19:28 de Kierzeren ze zéien.
HB Esch 13:26 Käerjeng (5:15, 13:26)
Am Titelgrupp bei den Damme war et um Samschdeg de Match tëscht Esch a Käerjeng. Nodeems et an den éischte 7 Minutten eng ausgeglachen Partie war, waren déi nächste 5 Goler alleguer fir de Kont vu Käerjeng, déi soumat no gutt 10 Minutte kloer mat 2:7 am Avantage louchen. Virun allem offensiv waren d'Damme vun Esch net geféierlech genuch a sou konnte si an den éischten 30 Minutte nëmme 5 Goler markéieren. Ganz anescht hat et op der Säit vun de Gäscht ausgesinn. Si hunn hir Avance kontinuéierlech ausgebaut a sou stoung et no 40 Minutten och 17:7 zu Gonschte vun de Käerjenger. Ugefouert vum Andreea-Alina Marin, dat 6 Goler markéiere konnt, war et um Enn eng kloer Ugeleeënheet fir d'Gäscht, déi Esch keng Chance gelooss. hunn.
Tabell Dammen Titel
Relegatioun
Miersch 26:26 Réiden (13:15, 26:26)
Standard 23:20 Beetebuerg (14:9, 23:20)