Am Handball ass dëse Weekend den zweete Spilldag vum Titel-Playoff.

Zwou interessant Partië  ginn e Samschdeg gespillt, dat mat Bierchem géint d'Red Boys a Diddeleng kritt et mam Tabelleleader Esch ze dinn.

Handball 2. Spilldag / Preview Rich Simon

Béid Ekippen hunn um éischte Spilldag hir Matcher méi oder manner souverän gewonnen. Esch hat keng Problemer géint Miersch an den HBD huet Revanche géint d'Red Boys geholl, géint déi si an der Coupe erausgeflu sinn.

An der Tabell hunn déi Diddelenger 3 Punkte Retard op Esch. Wann ee den HBD de Match géif gewannen, wier een nees excellent an der Course fir de Championstitel. Esouwäit well de Mikel Molitor awer nach net kucken.

Wa mir Esch bis klappen, kënne mir nach eng Kéier driwwer schwätzen. Bis dohinner well ech net mat Hypotheese schaffen. Mir kucke vu Match zu Match a kucken all Weekend, eis Leeschtung ofgeruff kréien. Mir spille géint Esch, dat ass een Traditiouns-Derby. Wien net motivéiert an d'Hal kënnt, kann doheem bleiwen. Mir kucken, deene groussen Ekippen ee Been ze stellen.

Wat fir den HBD gëllt, gëllt och fir Bierchem. Wann een an der Course wëll bleiwen fir de Championstitel, da muss een de Match géint d'Red Boys gewannen. Fir de Lé Biel vun deene Réiserbänner muss et dofir besser lafen, wéi an der Preparatioun.

Mir haten ee Frëndschaftsmatch géint d'Red Boys an do hu mir gläichgespillt. Do hunn déi zwou Ekippen net 100 Prozent gespillt. Dat wäert een ausgeglachen a sauere Match ginn. Dat ass de Play-Off, 10 Matcher Vollgas.

D'Red Boys si mat enger Néierlag an de Play Off gestart. Fir den Aldin Zekan kann et géint Bierchem just besser ginn.

Mir musse géint Bierchem kucken, de Feeler nees gutt ze maachen. Mir si selwer schold drun, dass mir schlecht an de Playoff gestart sinn. Mir woussten, dass et géif eng laang Saison gi mat deem Kader, dee mir par Rapport zum leschte Joer hunn. Mir musse géint Bierchem kucken, fir de Plang nees gutt ze maachen.

Um Sonndeg spillt nach Miersch géint Käerjeng.