Esch klappt och Diddeleng a bleift ongeschloen. Bierchem gewënnt iwwerdeems iwwerleeë mat 29:21 géint Déifferdeng.

E Samschdeg den Owend war am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären den 2. Spilldag am Playoff.

Um Sonndeg verléiert Miersch iwwerdeems kloer mat 24:36 géint Käerjeng.

An der Relegatioun ginn et Victoirë fir d'Favoritte vum Standard géint Rëmeleng a Schëffleng géint Bartreng.

Hären-Handball

Titelgrupp

Miersch 24:36 Käerjeng (15:16, 24:36)

Am Titelgrupp vum nationalen Handball stoung um Sonndeg nach eng Partie um Programm. Hei hat Miersch Käerjeng op Besuch. An enger flotter Ufanksphas waren et d'Gäscht, déi dee kloer bessere Start an de Match haten. No den éischten 10 Minutte louch Käerjeng ewell mat 6:3 a Féierung. Et hat bis zur 15 Minutt gedauert, éiert d'Haushären de Réckstand verkierze konnten. Käerjeng war duerno an 10 Minutte nëmme 4 Goler gelongen, a sou gouf et kuerz virum Téi nach eng Kéier spannend.
No der Paus war Miersch allerdéngs net méi vill gelongen. Bis zur 45. Minutt war hinnen nëmme 4 Goler gelongen a sou konnt Käerjeng d'Avance ëmmer weider ausbauen. Um Enn stoung eng kloer 36:24-Victoire fir Käerjeng.

HB Dideleng - HB Esch 29:32 (14:15)
De Südklassiker tëscht Diddeleng an Esch huet am Virfeld vill versprach. Diddeleng huet dem aktuelle Champion vun Esch, momentan Éischten an der Tabell, alles ofverlaangt. De Mika Herrmann am Diddelenger Gol huet Mëtt vun der 1. Hallschent richteg gutt an de Match fonnt a gewise wat e kann. Esch ass awer weider um Drécker bliwwen an huet dem HBD gewisen, dass bei der Lokalekipp um Samschdegowend alles muss passen, wëll een de Rekordchampion klappen. No enger intensiver 1. Hallschent ass Esch mat engem Gol Virsprong an d'Kabinne gaangen.

Och an der 2. Hallschent hu béid Ekippen hir Klass ënner Beweis gestallt. Et ass weider hin an hier gaangen, ouni dass sech eng vu béiden Ekippen ofsetze konnt. No 40 Minutten huet de Score 19:19 ugewisen. Bal 40 Minutten huet et och gedauert, bis de Josip Ilic säin éischte Gol konnt markéieren, zeréckzeféieren ob eng gutt Escher Defense. Diddeleng huet forcéiert, mee d’Escher haten ëmmer erëm eng Äntwert parat. Um Enn konnt de Leader sech e klengen Ecart erausspillen an esou gewanne si mat 32:29 zu Diddeleng. Esch bleift domat ongeschloen.

HC Bierchem - Red Boys Déifferdeng 29:21 (15:10)

Béid Ekippen hunn hektesch ugefaangen, wou béid Formatioune vill technesch Feeler gewisen hunn. D'Red Boys louchen an der Ufanksphas trotz allem mat 3:1 a Féierung, dat virun allem wéinst engem gutt opgeluechtem Golkipp. No enger gudder Véierelsstonn louch awer d'Lokalformatioun a Féierung, dat well den HCB tëscht der 9. an der 14. Minutt e 5:0-Laf gelongen ass. An der Suite huet Bierchem den Tempo weider héich gehalen an de Virsprong konstant iwwert déi éischt 30 Minutte verdeedegt. Virun allem de Ben Weyer war gutt opgeluecht, 1/3 vun de Goler sinn op seng Schëller gaangen.

No der Paus ass net Déifferdeng, mee d'Lokalekipp voller Energie aus de Kabinne komm an huet de Virsprong op 17:10 ausgebaut. Bei de Gäscht huet et 6 Minutte gedauert, éier Déifferdeng an der 2. Hallschent offensiv erfollegräich war. D'Ekipp aus dem Réiserbann war um Samschdeg den Owend einfach déi besser Ekipp, no 40 Minutten huet den Tableau een 8 Punkte Virsprong ugewisen. Bierchem gewënnt um Enn méi wei verdéngt mat 29:21 géint d'Red Boys.

RTL

© Gilles Tricca

Tabell Hären Titel

Relegatioun

Handball Bartreng - HBC Schëffleng 19:26 (12:12)

RTL

© Yann Gaasch

Esperance Rumelange - HC Standard 28:33 (13:15)

Tabell Hären Relegatioun