Mamer gewënnt spannende Match géint de Chev

© pressphoto (Archiv)
De Weekend war de 6. Spilldag am nationale Volleyball-Championnat. Déi komplett Resultater an d'Tabell fannt dir hei.
De Belair huet Dikrech alles ofverlaangt a virun allem am 1. Saz dem Favorit ferm Paroli gebueden. Iechternach verléiert géint Esch a Bartreng zitt doheem géint Luerenzweiler de Kierzeren. Bei den Dammen huet Bartreng doheem géint Péiteng verluer.
Häre-Volleyball
Chev Dikrech - VC Belair 3:0
(34:32, 25:19, 25:22)
VB Iechternach - Escher VBC 0:3
(17:25, 18:25, 20:25)
Volley Bartreng - VC Luerenzweiler 0:3
(23:25, 18:25, 20:25)
Tabell
Damme-Volleyball
Volley Bartreng - V80 Péiteng 0:3
(16:25, 17:25, 13:25)
Chev Dikrech - VC Mamer 2:3
(21:25, 25:21, 22:25, 27:25, 23:25)
De Match Stengefort géint de Gym gouf wéinst Corona-Fäll ofgesot.