Iwwerdeems ka sech Diddeleng an der 1. Halleffinall mat 5:3 géint Lénger duerchsetzen. 

Den Iwwerbléck vun de Partien vun de Halleffinallen

Den Iwwerbléck vun de Partien an der Relegatioun

Am Dëschtennis-Championnat steet een Ofsteiger fest. De Briddel spillt déi nächst Saison net méi an der héchster Divisioun. No der klorer 1:5-Defaite géint Éiter-Waldbriedemes huet een an der Tabell 6 Punkte Réckstand op Rued an d'Union an domadder geet et elo och rechneresch net méi duer, fir an der héchster Divisioun ze bleiwen.

Bei zwee Spilldeeg, déi ze spille bleiwen, kann Éiter-Waldbriedemes lues awer sécher dovunner ausgoen, datt een déi nächst Saison nees an der Nationaldivisioun wäert vertruede sinn. Berbuerg an Iechternach hunn et nom drëtte Spilldag och nees selwer an der Hand, fir dran ze bleiwen.