D'Lëtzebuergerin gouf e Méindeg beim Qualifikatiounstournoi zu Doha an den Halleffinallen eliminéiert.

A enger héichklasseger Partie huet d'Sarah de Nutte (WR 76) an den Halleffinalle vum 16er-Tableau géint d'Thailännerin Suthasini Sawettabut (WR 40) mat 0:4 de Kierzere gezunn a ka sech domadder keen Ticket fir d'Olympesch Spiller zu Tokio a Japan sécheren.

Den Eric Glod war och beim Tournoi mat dobäi, ma och hie konnt sech net qualifizéieren.
Déi nächst Chance, fir sech en Ticket fir Olympia ze sécheren, huet déi 28 Joer al de Nutte am Abrëll beim europäesche Qualifikatiounstournoi zu Guimaraes a Portugal.