Championnat soll an alle Kategorië weidergoen

© AFP (Archiv)
Dat huet d'Lëtzebuerger Handballfederatioun an hirer leschter Reunioun vum Verwaltungsrot festgehalen.
Anescht wéi am Futtball huet déi Lëtzebuerger Handballfederatioun an hirer leschter Reunioun vum Verwaltungsrot festgehalen, datt wann d'Regierung géif decidéieren, déi aktuell Covidmesuren net ze verlängeren an et nom 2. Abrëll nees méiglech wär, Kompetitiounen an allen anere Kategorien ze hunn, mam Championnat an der Coupe de Weekend vum 10. Abrëll nees kéint weiderfueren.
D'Kompetitiounen u sech wären zwar elo net prioritär, esou den CA vun der Handballfederatioun, mä et wär awer wichteg, datt déi Jonk nees hirem Sport kéinte gereegelt nogoen. Dofir soll dann och am Fall, wou net méi genuch Spiller an engem Club do wären, op Ententen zeréckgegraff ginn. Da steet am Rapport och nach ze liesen, datt d'FLH bis elo 2.152 Schnelltester op de Coronavirus gemaach huet an der dovunner 7 positiv waren, dat sinn 0,33 Prozent vun de Getesten.