Gespillt gëtt noenee géint Israel, d'Ukrain an d'Slowakei an der Coque.

Virschau WM-Pre-Qualifikatioun / Rep. Serge Olmo

Déi Lëtzebuerger Handballdamme hu laang Jore misste waarden, fir nees kënnen hiert d'Land op internationalem Plang ze representéieren. Virun eppes manner wéi 2 Joer haten d'Lëtzebuerger Dammen an der EM-Qualifikatioun eng Victoire fäerdeg bruecht.

Esou e Resultat ze widderhuelen, wier natierlech en Erfolleg. Och wa keng Spectateuren dierfen an d'Hal kommen, ass et dach e Virdeel, Doheem ze spillen.

Géint Israel gouf et viru ronn 22 Méint eng Defaite mat 9 Goler Ecart. Et gesäit ee bei den Dammen, haaptsächlech am Championnat, datt vill Progrèse gemaach goufen. Dëse Weekend wier et e gudde Moment, dat op internationalem Plang ze weisen.

Mam Tina Welter hunn d'Lëtzebuerger eng Spillerin an hire Reien, déi zu Göppingen an der éischter däitscher Bundesliga spillt. D'Kapitänin vun der Ekipp hofft, dass een dat, wat een an de leschte Wochen zesummen trainéiert huet, elo an de Matcher kann ëmsetzen.

Tina Welter:Mir haten elo vill Stagen, wou mir dat trainéiert hunn, u wat et nach bësse geluecht huet. D'Erwaardunge sinn natierlech net ze héich. Dat ass ëmmer wichteg. Mir gi mat enger ganz aner Motivatioun an den Tournoi. Mir zéien als Ekipp dat beschte Resultat do eraus, wat mir kënne maachen. Vum Resultat hier hu mir eis näischt virgeholl. De Fokus läit natierlech ganz kloer op Israel. Den éischte Match. Géint déi hu mir schonns gespillt. Do wësse mir, wat op eis duer kënnt.

Extrait Tina Welter

Viru knapp 2 Joer hunn d'Lëtzebuergerinnen op 9 Goler géint Israel verluer. De Match kënnt Dir am Livestream op RTL.lu suivéieren.

De Programm vum Turnéier

Freideg 19. Mäerz

17h00 Slowakei - Ukrain

19h30 Lëtzebuerg - Israel

Samschdeg 20. Mäerz

15h30 Slowakei - Israel

18h00 Lëtzebuerg - Ukrain

Sonndeg 21 Mäerz

15h30 Ukrain - Israel

18h00 Lëtzebuerg - Slowakei