Aus dem Handball ass et d'Nouvelle, dass den Dejan Gajic déi nächst zwou Saisonen zu Bierchem um Trainerstull wäert setzen.

De Serb ass keen onbekannten hei zu Lëtzebuerg. Mat de Käerjenger Hären an Damme konnt hien an der Vergaangenheet de Lëtzebuerger Championstitel gewannen.