Am zweete Match vum Grupp huet sech d'Slowakei mat 31:28 géint d'Ukrain behaapt.

Lëtzebuerg verléiert mat 18:22 géint Israel
An der Pre-WM-Qualifikatioun huet sech Lëtzebuerg mat 18:22 misse géint Israel geschloe ginn.

E Freideg den Owend huet am Gymnase vun der Coque fir d'Lëtzebuerger Dammennationalekipp am Handball den Tournoi an der WM-Pre-Qualifikatioun ugefaangen. D'Rout Léiwinnen hu sech no enger schwaacher éischter Hallschent (6:11) um Enn misse mat 18:22 geschloe ginn.

D’Lëtzebuerger Dammen hate viru ronn 22 Méint mat 9 Goler Ecart géint Israel verluer, mee ware laang Zäit no um Géigner drun. Eng Victoire huet deemno e Freideg den Owend realistesch geschéngt. No 7 Minutte stoung et nach 3:3.
D’Lokalselektioun huet e puer technesch Feeler ze vill gemaach an huet och liicht Golchancen ausgelooss. An der Paus waren d’Dammen aus Israel 11:6 am Avantage. Et war nach vill Loft no uewe fir Lëtzebuerg.

No der Paus hunn dem Trainer Adrian Stot seng Dammen den Ecart reduzéiert an hu phaseweis richteg gutt gespillt. No 42 Minutte stoung et nëmme méi 14:12 fir Israel. D’FLH-Selektioun hat an 12 Minutten esou vill Goler markéiert, wéi déi ganz éischt Hallschent. No 49 Minutte waren d’Lëtzebuerger Damme bis op ee Gol erukomm, mee si hunn et net fäerdeg bruecht, d’Lach zouzemaachen. De Géigner aus Israel war spilleresch net besser, mee huet einfach manner Feeler gemaach, wat d'18:22-Defaite um Enn erkläert.

An der zweeter Partie am Grupp vun de Lëtzebuergerinne gouf et eng 31:28-Victoire fir d'Slowakei géint d'Ukrain.

De Gruppenéischten an de Gruppenzweete qualifizéiert sech fir déi nächste Ronn an der WM-Qualifikatioun.

E Samschdeg geet et da fir d'Rout Léiwinne scho weider. De Match géint d'Ukrain kënnt Dir och nees op RTL.lu am Livestream kucken.