Handball
Esch kritt et an der Halleffinall mat Bierchem ze dinn

An der Paus vum WM-Pre-Qualifikatiounsmatch tëscht Lëtzebuerg an der Ukrain goufen d'Halleffinallen an der Coupe bei den Dammen an den Häre gezunn.
Bei den Damme kënnt et zum Duell tëscht Käerjeng an Dikrech an Diddeleng muss géint Réiden untrieden.
Bei den Häre kritt den aktuellen Tabelleleader vun Esch et mam HC Bierchem ze dinn an am anere Match spillen d'Red Boys géint Käerjeng.
D'Halleffinalle gi bei den Hären den 28. a bei den Dammen den 29. Abrëll an der Coque gespillt.
Am meeschte gelies