Jonk Nationalekipp huet sech gutt geschloen
Et huet ee gesinn, datt d'Ekipp an de leschte Wochen a Méint zesummegewuess ass.
Et wiisst eppes zesummen. Och wann déi Lëtzebuerger Dammen Handballnationalequipe de Weekend an der Coque an der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun 3 mol géint hir Géignerinnen aus Israel, der Ukrain an der Slowakei verluer huet, mierkt een awer, datt et absolut déi richteg Decisioun vun der Federatioun war, nees eng FLH-Dammenekipp an d'Liewen ze ruffen.
Et war gewosst, datt et fir déi Lëtzebuerger Dammen-Handballnationalekipp schwéier géif ginn, fir mat enger Victoire aus der Coque erauszegoen. D'Ekipp vun den FLH-Damme stécht nach an de Kannerschong, d'Motivatioun bei Jill Zeimetz a Co. ass awer grouss:
Jo mir sinn mega frou, datt mer dat konnte spillen. Mir mussen eis net schummen. Géint Israel ware mer e bësse nervös. Deen zweete Match war eng super Teamleeschtung.
Et huet een an de leschten 3 Deeg gesinn, datt do eppes zesummewiisst, dat zesumme pass, d'Kim Wirtz:
Absolut. Et ass jo net eréischt déi lescht 2 Wochen, wou mer zesummen trainéieren. Wéinst Corona konnte mer net an de Clibb trainéieren, awer mat der Nationalekipp an dat huet eis zesummegeschweesst.
Éiert et nees eng Dammennationalekipp bei der Handballfederatioun gouf, waren eng Rei Leit skeptesch, op iwwerhaapt genuch Spillerinnen disponibel wären. Dee Problem huet den Nationaltrainer Adrian Stot guer net:
Et däerf een net vergiessen, datt et Amateure sinn. Si sinn awer bei all Training ganz motivéiert an ginn alles. Chapeau fir dat, wat d'Damme leeschten.
Dee nächste Rende-zvous fir d'FLH-Dammen ass net all ze wäit ewech. Am Juni geet et schonn nees weider mat der Europameeschterschaftsqualifikatioun. Déi gëtt och nees a Form vun engem Mini-Tournoi gespillt. D'Lëtzebuergerinnen kréien et mat Portugal, Kosovo an Zypern ze dinn. Am Prinzip gëtt op der iberescher Hallefinsel gespillt.