Diddeleng an Houwald stinn der Coupe-Finall

© Archiv
Bei den Damme kënnt et an der Finall iwwerdeems zum Duell tëscht Nidderkäerjeng a Rued.
E Sonndeg stounge bei den Dammen a bei den Hären d'Halleffinallen an der Coupe de Luxembourg um Programm.
Bei den Hären ass d'Ekipp vun Diddeleng der Favoritteroll gerecht ginn a mat enger 4:1-Victoire géint Hueschtert/Foulscht an d'Finall agezunn. Sou kloer war et an der anerer Halleffinall tëscht Berbuerg an Houwald net. Um Enn konnt sech awer d'Ekipp vum Houwald knapps mat 4:3 duerchsetzen.
Bei den Damme gouf et fir Nidderkäerjeng eng 4:0-Victoire géint Iechternach a Rued konnt sech mat 4:1 um Houwald behaapten. Domat kënnt et an der Finall zu der Partie tëscht Nidderkäerjeng a Rued.