An der Suitte vum 4. Spilldag am Titel-Playoff treffen den Tabelleleader Esch a Käerjeng openeen.

Aktuell hunn déi Escher 3,5 Punkten Avance op Käerjeng, déi op der zweeter Plaz stinn. Am Fall vun engem Succès kéinte sech déi Escher mam Christian Bock an der Tabell relativ kloer ofsetzen.

Extrait Christian Bock

Käerjeng ass elo den nächste Verfolger an der Tabell. Si hunn 3,5 Punkte Réckstand. Wa mir dee Match géife wannen, dann hätte mir ee gutt Polster op déi hannendrun. Och wa mir net wëlles hunn, eis eng Dommheet z'erlaben. Mir spillen zu Käerjeng, dann auswäerts op der Red Boys. Dat ginn zwee immens wichteg Matcher. Mir probéieren alles ze ginn an déi Matcher ze gewannen.