Schonn e Samschdeg konnt sech Dikrech mat 23:18 zu Diddeleng behaapten a Käerjeng huet mat 28:18 géint Déifferdeng gewonnen.

Do konnt sech Dikrech mat 23:18 géint den HB Diddeleng duerchsetzen a fir d'Red Boys vun Déifferdeng ass et eng 18:28-Defaite géint Käerjeng ginn.

No 5 Spilldeeg am Titelgrupp läit de Chev elo mat engem Virsprong vu 4,5 Punkten virum HBD un der Spëtzt vun der Tabell. Bei nach 5 Matcher, déi ze spille bleiwen, stinn d'Chancen op den Titelgewënn fir Dikrech guer net esou schlecht.

Dammenhandball

Titelgrupp

HB Museldall - HB Esch 33:21 (12:8)

Red Boys Déifferdeng - HB Käerjeng 18:28 (8:15)

HB Diddeleng - Chev Dikrech 18:23 (9:12)

Relegatioun