Käerjeng profitéiert net vun Escher-Remis

© Val Wagner
Käerjeng huet sech misse mat 33:34 géint Diddeleng geschloe ginn a fir Esch gouf et zu Déifferdeng een 29:29-Remis.
E Samschdeg den Owend stoung am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären de 5. Spilldag vum Titelgrupp respektiv vun der Relegatioun um Programm.
Härenhandball
Titelgrupp
Red Boys - Esch 29:29 (17:16, 29:29)
An enger serréierter éischter Hallschent konnt sech keng vu béide Formatiounen eng däitlech Féierung erausspillen. Et goung hin an hier a béid Ekippen hu sech näischt geschenkt. Bei de Red Boys konnt virun allem de Batinovic an den éischten 30 Minutten iwwerzeegen, ma de Leader vun Esch huet sech doduerch net beandrocke gelooss. No enger véierel Stonn stoung et nach 7:7 gläich, duerno konnte sech d'Red Boys beim Score vu 17:15 eng 2-Punkten-Avance erausspillen, éiert de Pucnik nach virun der Paus op 16:17 aus Escher Sicht gestallt huet.
Déi zweet Hallschent ass weider gaangen, wéi déi éischt opgehalen hat. Et war weiderhin eng Partie op engem gudden Niveau. Béid Ekippe wollte sech déi wichteg Victoire sécheren, ma et konnt sech weiderhi keng Formatioun ofsetzen. Um Enn geet eng flott Partie mat 29:29-Remis aus. Bei Déifferdeng konnt de Batinovic um Enn 10 Goler markéieren, bei den Escher waren déi meeschte Goler fir de Pucnik mat 8. Mat dësem Remis bleift den HB Esch un der Spëtzt vum Titelgrupp.
Diddeleng - Käerjeng 34:33 (22:16, 34:33)
Den Tabellenzweete vu Käerjeng wollt de Réckstand op Esch duerch eng Victoire weider verréngeren, ma et war d'Lokalekipp vun Diddeleng, déi an den éischte Minutte méi vum Match hat. No gutt 9 Minutte konnte si duerch eng staark Offensiv ewell mat 5 Goler Virsprong op 7:2 a Féierung goen. Ugefouert vum Josip Ilic waren déi Diddelenger weider Här am Haus a bei de Gäscht war virun allem d'Defense net op der Héicht. Käerjeng konnt dem Tempo vum HBD net vill entgéintsetzen a sou stoung et an der Paus och e bëssen iwwerraschend 22:16 zu Gonschte vun Diddeleng.
Nom Säitewiessel huet sech um Spillverlaf ugangs net vill geännert, och wann d'Gäscht vu Käerjeng de Réckstand bësse verkierze konnten, dëst beim 30:25 aus der Sicht vun den Diddelenger. Ma duerno huet Käerjeng nach eng Kéier e puer Schëppen dropgeluecht a sou sollt et nach eng Kéier richteg spannend ginn. No engem 6-Goler-Laf vun de Gäscht goung et mat engem 31:31 an déi leschte 6 Minutten. Trotz 10 Goler vum Jacques Tironzelli sollt et um Enn fir Käerjeng awer net méi duergoen. Um Enn stoung eng knapp 34:33-Victoire fir déi Diddelenger, déi de Kampf un der Tabellespëtzt domat erëm spannend maachen.

© Gilles Tricca
Bierchem - Miersch 47:17 (22:5, 47:17)
Tabell Hären Titel
Relegatioun
CHEV Dikrech - Standard 26:21 (10:13, 26:21)
Rëmeleng - Schëffleng 25:26 (12:13, 25:26)
Péiteng - Bartreng 31:23 (16:9, 31:23)