Am zweete Match vun der Finall vum italienesche Championnat gouf et eng batter Néierlag géint Perugia.

De Lëtzebuerger Kamil Rychlicki huet senger Ekipp 20 Punkte bäigesteiert.

Am éischte Saz konnt Lube Civitanova mat 25-21 gewannen, den 2. an den 3. Saz sinn op de Compte vum Géigner gaange mat 21-25, respektiv 25-27. De 4. Saz konnt sech d'Ekipp ëm de Kamil Rychlicki mat 25-23 sécheren. Mat dem leschte Saz hu si awer 12-15 géint Perugia verluer.