D'Damme vun Dikrech hu sech e Sonndeg mat 31:20 géint d'Red Boys behaapt.

E Sonndeg stoung am Dammenhandball nach ee Match vum 7. Spilldag am Titelgrupp um Programm. De Leader Dikrech huet sech hei souverän mat 31:20 géint Déifferdeng behaapt. An der Tabell huet de Chev 3 Spilldeeg viru Schluss eng Avance vu 4,5 Punkten op Käerjeng an Dikrech.

Déi zwou aner Partië waren e Samschdeg den Owend. Op der enger Säit huet Käerjeng dem HB Esch mat engem 30:13 keng Chance gelooss an op der anerer Säit huet sech Diddeleng no enger spannender Partie mat 31:25 géint den HB Museldall behaapt.

Titelgrupp

Chev Dikrech - Red Boys Déifferdeng 31:20 (14:8)

HB Käerjeng - HB Esch 30:13 (17:7)

HB Diddeleng - HB Museldall 31:25 (15:12)

Tabell Dammen Titel

Relegatioun

Tabell Dammen Relegatioun