Stroossen steet an der Finall, Fenteng a Luerenzweiler am 3. Match

© pressphoto (Archiv)
De Weekend waren am nationale Volleyball-Championnat déi zweet Matcher vun den Halleffinallen an der Best-Of-Three-Serie.
Bei den Hären huet sech Stroossen no enger Victoire géint Esch fir d'Finall qualifizéiert an am Duell tëscht Fenteng a Luerenzweiler entscheet sech e Sonndeg um 17.00 Auer am 3. Match, wien et géint Strassen ze di kritt.
Bei den Damme konnt sech um eenzege Match vum Owend Dikrech mat 3:1 géint Mamer duerchsetzen. Duerch eng Defaite am éischte Match entscheet sech de Finalist an der 3. Halleffinall e Sonndeg um 19.00 Auer.
Härevolleyball
Halleffinallen
VC Fenteng - VC Luerenzweiler 3:0
(25:17, 25:22, 25:11)
No enger Defaite am éischte Match vun der Halleffinall huet de VC Fenteng an der zweeter Partie e besseren Dag erwëscht. Duerch eng kloer 3:0-Victoire géint Luerenzweiler entscheet sech also am drëtte Match wien et an d'Finall packt.
Escher VBC - VC Stroossen 2:3
(18:25, 25:21, 19:25, 25:21, 11:15)
Stroossen konnt sech schonn an der 1. Halleffinall mat 3:0 géint den Escher VBC behaapten. Zwar war et am zweete Match méi spannend, ma um Enn zitt de VC Stroossen duerch eng 3:2-Victoire als éischt Ekipp an d'Finall an.
Playdown
Playdown
Dammevolleyball
Halleffinallen
Chev Dikrech - VC Mamer 3:1
(23:25, 25:22, 28:26, 25:20)
Nodeems sech Mamer an der 1. Halleffinall behaapte konnt, war et e Samschdeg den Chev Dikrech, dee sech mat 3:1 d'Victoire geséchert huet. D'Entscheedung, wien et an d'Finall packt fält domat am drëtte Match, deen e Sonndeg um 19.00 Auer gespillt gëtt.
Playdown