Stroossen kritt et mat Luerenzweiler an der Finall ze dinn

© pressphoto (Archiv)
Luerenzweiler huet duerch eng 3:1-Victoire e Sonndeg géint Fenteng d'Finall bei den Häre komplett gemaach.
Am Volleyball-Championnat leeft déi decisiv Phas vun der Saison.
Bei den Häre sti Stroossen a Luerenzweiler an der Finall.
Bei den Damme steet Mamer als éischt Ekipp an der Finall. De Géigner ass entweder Walfer oder d'Gym.
Härevolleyball
Halleffinallen
Luerenzweiler - Fenteng 3:1
(27:29, 28:26, 25:20, 25:17)
An der Best-of-Three-Serie huet sech um Enn Luerenzweiler den Ticket fir d'Finall geséchert. Am drëtten an decisive Match war Luerenzweiler Fenteng mat 3:1 iwwerleeën. An der Finall heescht de Géigner elo Stroossen.
Resultater Halleffinallen
Playdown
Playdown
Dammevolleyball
Halleffinallen
Mamer - Dikrech 3:0
(25:13, 25:21, 25:20)
An der drëtter an decisiver Partie tëscht Mamer an Dikrech huet sech Mamer den éischten Ticket fir d'Finall geséchert. Am drëtte Match huet sech Mamer mat 3:0 géint de Chev duerchgesat.
De Géigner ass hei entweder Walfer oder d'Gym. Hei hat Walfer den éischte Match gewonnen. Déi zweete Partie war wéinst Coronafäll ofgesot ginn. Nach gëtt et keen neien Datum fir d'Partie nozehuelen.
Dammen Halleffinallen
Playdown