Diddeleng a Käerjeng packen et an d'Finall vun der Coupe

© Val Wagner
En Donneschdeg den Owend goufen an der Coque d'Halleffinalle vun der Coupe am Dammenhandball gespillt.
Diddeleng konnt sech wéi erwaart géint Réiden duerchsetzen a steet an der Finall. An der zweeter Partie stounge sech Käerjeng an Dikrech géigeniwwer. Hei konnt sech Käerjeng um Enn mat 5 Punkten Avantage behaapten.
HC Atert Réiden - HB Diddeleng 10:46
De Match hätt net méi schlecht kënnen ufänke fir d'Ekipp aus der Promotioun. D'Réidener Damme sinn nämlech mat engem 3:0-Avantage an de Match gaangen, dat well si eng Divisioun méi déif spille wéi d'Géignerinne vun Diddeleng. Nawell stoung et no 15 Minutte schonns 12:3 fir den HB Diddeleng.
Eréischt no 23 Minutten a 45 Sekonnen hunn d'Réidener Dammen hiren éischte Gol am Match geschoss. No deem Gol stoung et 19:4 fir Diddeleng. An der Paus stoung et dunn 23:5, deemno war de Match schonns no der éischter Hallschent decidéiert.
An der zweeter Hallschent war et dat nämmlecht Bild. Den HB Diddeleng huet weiderhin de Match dominéiert a konnt sech um Enn mat 46:10 duerchsetzen a steet domat an der Finall vun der Coupe.
HB Käerjeng - Chev Dikrech 31:26
Déi 2. Halleffinall tëscht Käerjeng an Dikrech war natierlech vill méi intensiv. Käerjeng huet bis d'Paus déi besser Impressioun hannerlooss a war 16:13 am Avantage; dëst verdéngt. D'Defense vun de Käerjenger Damme war iwwerzeegend.
De Chev huet ze vill Feeler gemaach an hat ënner anerem dräi 7 Meter bis d'Paus ratéiert.
Nom Säitewiessel war de Match phaseweis spannend an intensiv. No 45 Minutten sinn déi Dikrecher bis op 2 Goler erukomm. Den HB Käerjeng huet méi konstant gespillt, huet den Ecart nees vergréissert a konnt sech no enger 31:26-Victoire fir d'Finall géint Diddeleng qualifizéieren.