E Freideg den Owend war am Titel-Playoff vum Härenhandball de wichtege Match Handball Esch géint den HB Diddeleng.

Den Tabelleleader Esch huet mat 33:25 gewonnen a vergréissert domadder säi Virsprong an der Tabell.

De Rhythmus vun der Partie war vun Ufank u ganz héich.
Lues a lues konnte sech déi Escher ofsetzen, dëst besonnesch ënnert dem Impuls vum Martin Muller, dee bis d'Paus 6 Mol markéiert hat. D'Säite goufe mam Resultat 17:11 fir Esch gewiesselt.

Nom Säitewiessel hat een e puer Minutte laang d'Gefill, wéi wann déi Diddelenger méi no eru kéinte kommen. Den HB Esch huet dunn awer seng Defense nees ugezunn an huet den Ecart op en Neits vergréissert.

Matentscheeden fir déi Escher Victoire war de Golkipper Hugo Costa Figueira, deen exzellent gehalen huet. Bei 30:22 no 54 Minutte war de Match gelaf. Mat 33:25-Victoire hunn déi Escher an der Titelcourse eng ganz gutt Affär gemaach.

Den Iwwerbléck vun der Axa League