Am Volleyball-Championnat stoung e Samschdeg déi éischt Finall bei den Dammen um Programm.

An der Finall vum Volleyball-Championnat huet sech Walfer e Samschdeg den Owend am éischte Match kloer mat 3:0 géint Mamer behaapt. D'Ekipp vum Ben Angelsberg huet sech an de Sätz mat 25:8, 25:16 a 25:22 duerchgesat.

D'Finall vum Volleyball-Championnat gëtt am Modus Best-of-Three gespillt. Déi zweet Finall tëscht Walfer a Mamer gëtt den nächste Weekend gespillt. Hei kéint Walfer, déi vun 2017-2019 scho Champion waren e weideren Titel feieren.

Um Samschdeg war och de Match ëm déi drëtte Plaz am Championnat. Hei stounge sech Dikrech an d'Gym géintiwwer. Um Enn gouf et no engem enke Match eng 3:0-Victoire (25:15, 25:21, 26:24) fir d'Gym.

Bei den Häre kann e Sonndeg d'Decisioun ëm de Championstitel falen. Stroossen hat sech géint Luerenzweiler an der éischter Partie d'Victoire geséchert.

Dammen Finall

D'Resultater vum Playdown

Dammen Playdown