Dikrech ass Champion

© Val Wagner
D'Ekipp aus dem Norden huet sech no enger Victoire géint de Museldall fréizäiteg de Championstitel geséchert.
D'Spillerinne vum Chev Dikrech kënne sech freeën. Schonn um drëttleschte Spilldag am Titelgrupp vun der Axa League huet ee sech de Championstitel geséchert. E Samschdeg den Owend huet d'Ekipp vun der Trainerin Ciocanea duerch eng 31:26-Victoire géint de Museldall de Sak zougemaach. No 2012 ass et fir Dikrech den zweete Championstitel an der Veräinsgeschicht.
D'Partie géint de Museldall war allerdéngs spannend. An der éischter Hallschent hat de Chev sech tëschenduerch eng Avance vu 5 Goler erausgespillt, ma de Museldall konnt ëmmer nees verkierzen. Beim Score vu 16:14 fir Dikrech ass et an d'Paus gaangen. Och an den zweeten 30 Minutten ass et enk bliwwen, ma Dikrech huet sech net méi afänke gelooss a sech mat 31:26 behaapt.
Donieft huet Diddeleng mat 24:14 géint Käerjeng gewonnen an Esch huet mat 21:24 géint d'Red Boys de Kierzere gezunn.