Handball
Käerjeng wënnt spannend Partie géint Miersch mat 37:36

Am nationalen Handball-Championant gouf bei den Hären e Mëttwoch de leschte Match vum 7. Spilldag gespillt.
Vun Ufank un hu sech zu Käerjeng zwou Ekippen op Aenhéicht begéint, wat sech och um Score gewisen huet. No 30 Minutte stoung et sou schonn 20:20 an och an der zweeter Hallschent vum Match war et weiderhi spannend. Bis zum Schluss war et eng oppe Partie, an där sech Käerjeng dann eng knapps 37:36-Victoire géint Miersch séchere konnt.
Am meeschte gelies