Duerch eng däitlech 26:16-Victoire géint den HC Bierchem ass d'Ekipp vun Esch dat drëtte Joer hannertenee Champion an der AXA League.

E Samschdeg den Owend war am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären den 8. Spilldag, bei den Damme war et den 9.

Härenhandball

Titelgrupp

HC Bierchem - HB Esch 16:26 (9:13)

Nodeems et fir Bierchem de leschte Sonndeg d'Coupe-Victoire gouf, hat den HB Esch e Samschdeg den Owend d'Chance de Championstitel fréizäiteg fir sech ze entscheeden. Mat der néideger Motivatioun ass de Gaascht och an de Match gestart a konnt sou fréi e Virsprong opbauen. D'Middegkeet huet sech bei der Ekipp aus dem Réiserbann zemools zum Schluss bemierkbar gemaach a sou steet um Enn eng verdéngte Victoire fir den HB Esch, deen domat fir déi drëtte Kéier hannertenee Champion gëtt.

HB Käerjeng - Red Boys Déifferdeng 30:27 (13:14)

An enger ausgeglachener Ufanksphas konnt sech keng vu béiden Ekippe sou richteg vun deem aneren ofsetzen. Déi éischt puer Minutte vum Match war d'Ekipp vu Käerjeng nach liicht am Virdeel, virun der Paus sinn d'Red Boys awer nach eng Kéier komm a konnte sech sou e knappe Virsprong vun engem Gol opbauen. Ronn 20 Minutte viru Schluss hat Käerjeng dann awer eng gutt Phas an huet aus dem knappe Réckstand eng Féierung gemaach. Um Enn steet fir d'Lokalekipp eng knapps 30:27-Victoire géint d'Ekipp vun Déifferdeng.

Tabell Hären Titel

Relegatioun

Tabell Hären Relegatioun

Dammenhandball

Titelgrupp

Chev Dikrech - HB Käerjeng 29:21 (16:14)

Fir de frëschgebakene Champion vun Dikrech ass et e Samschdeg géint d'Ekipp vu Käerjeng eng weider Victoire ginn. D'Lokalekipp ass gutt an de Match komm, ma och d'Käerjenger konnte gutt mathalen a waren tëschenzäitlech mat dräi Punkten a Féierung. An der zweeter Hallschent vum Match huet de Chev dann awer d'Spill u sech gerappt a wënnt um Enn mat 29:21 géint den HB Käerjeng.

HB Diddeleng - HB Esch 25:17 (13:11)

Red Boys Déifferdeng - HB Museldall 24:31

Tabell Dammen Titel

Relegatioun

Tabell Dammen Relegatioun