En Dënschdeg den Owend war am nationalen Handball-Championnat een Nodrosmatch vum 6. Spilldag am Titelgrupp.

An et war nawell e spannende Match, deen den HBD um Enn mat 31:30 géint d'Red Boys fir sech entscheede konnt. D'Partie war relativ ausgeglach. An der Hallschent stoung et 15:13 fir den HBD. An der 53. Minutt war et dunn de Gläichstand bei 27:27. Duerno hunn déi Déifferdenger kuerz Zäit iwwerholl, ier dann awer déi Diddelenger erëm a Féierung gaange sinn an um Enn op 1 Gol gewonnen hunn.

Wéinst dëser Victoire spillt den HBD dann elo déi nächst Saison europäesch. Nieft Bierchem a Käerjeng kënnen déi Diddelenger beim European Cup untrieden.