CEV Volleyball Silverleague
Lëtzebuerg verléiert mat 0:3 géint Ungarn

An der Volleyball Silverleague huet Lëtzebuerg am zweete Match zu Amstetten an Éisträich mat 0:3 géint Ungarn verluer.
No schwaachem Start am éischte Saz war d’ FLVB Selektioun am zweete Saz ganz no drun. Den drëtte Saz hunn d’ Ungare sech net méi iwwerasche gelooss a sech um Enn souverän mat 25:16, 25:23 a 25:19 behaapt.
Am meeschte gelies