De President vun de Red Boys Déifferdeng ass iwwert de Päischtweekend no laanger Krankheet gestuerwen, dat am Alter vun 58 Joer.

Dësen traurege Message huet ënner anerem d'Lëtzebuerger Handballfederatioun en Dënschdeg de Moie matgedeelt.

E groussen a perséinlechen Noruff op de John Scheuren huet dann den 1. Vizepresident vun der FLH Thierry Wagner an de soziale Medie verëffentlecht. Hie selwer war wärend laange Jore bei de Red Boys aktiv an huet de John Scheuren souwuel um perséinlechen, sportlechen, wéi och beruffleche Plang gutt kannt.

Mam Doud vum John Scheuren verléiert d'Lëtzebuerger Handball-Welt, d'Red Boys awer och d'Gemeng Déifferdeng e wichtegen an aktive Pilier, dee sech fir säi Sport, seng Ekipp a seng Mataarbechter ëmmer erëm agesat huet.

Eng kleng perséinlech Nott vun eisem Journalist Kevin Kayser

Ech selwer hunn als aktive Spiller e puer Joer bei de Red Boys verbruecht an hunn de John, wéi e vum Thierry Wagner a sengem schéinen Noruff op Facebook beschriwwe gouf, als aktiven an engagéierte Mënsch kennegeléiert. Sief dat am Handball, wou hie sech als Member vum Comité an och méi spéit als President vum Veräin aktiv fir de Sport awer och fir seng Spiller agesat huet oder wärend mengem Summerjob als Student op der Déifferdenger Gemeng, wou de John eng oppen Dier, en oppent Ouer awer och ëmmer eng Léisung fir quasi all Problem hat.

D'Annonce vu senger Krankheet wéi och elo vu sengem Doud hunn och mech getraff. Aus dësem Grond wëll ech dann och heivunner profitéieren, an der Famill an de Frënn vum John mäin häerzlecht Bäileed ausschwätzen.