Champion Esch verléiert leschte Match, Käerjeng séchert sech déi 2. Plaz
E Samschdeg den Owend war am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären de leschte Spilldag.
Fir de Champion vun Esch gouf et e Samschdeg den Owend am leschte Match eng 27:29-Defaite géint d'Red Boys vun Déifferdeng, déi an der neier Saison net international vertruede sinn.
Den HB Käerjeng huet sech am Match géint Diddeleng mat 33:30 duerchgesat a steet um Enn op der zweeter Tabelleplaz. Ma nieft de Käerjenger spille jo och déi Diddelenger déi nächst Saison international, genau sou wéi den HC Bierchem. D'Ekipp aus dem Réiserbann huet den HB Miersch mat 47:27 iwwerrannt.
Tabell Hären Titel
Relegatioun
An der Saison 2021/22 spillt Rëmeleng als neien Opsteiger an der AXA League. Péiteng fält dogéint an d'Promotioun.