Um Dënschdeg de Moien huet déi international Dëschtennisfederatioun bestätegt, dass d'Sarah de Nutte iwwert hir Weltranglëschteplaz qualifizéiert ass.

D'Lëtzebuergerin konnt sech als 9. bei nach 10 Plazen déi ze vergi waren, iwwert hir Positioun an der Weltranglëscht en Ticket fir d'Olympesch Spiller vun Tokio sécheren.

Sarah de Nutte bei Olympia/Reportage Franky Hippert

Nieft dem Sarah de Nutte, war d'Ni Xia Lian jo scho fir Tokio qualifizéiert. Déi 57 Joer al Ausnamesportlerin hat sech mat hirer zweeter Plaz op den Europaspiller virun zwee Joer zu Minsk a Wäissrussland hir Participatioun an der japanescher Haaptstad geséchert. Fir d'De Nutte gëtt et eng Premiere op Olympesche Spiller, fir d'Ni gëtt et deen 5. Optrëtt beim gréisste Sportsevenement op der Welt. D'Sarah de Nutte ass nieft dem Ni Xia Lian an dem Peggy Regenwetter, eréischt déi drëtt Lëtzebuerger Dëschtennisspillerin, déi d'FLTT op Olympesche Spiller vertrëtt. D'Olympesch Summerspiller zu Tokio fänken den 23. Juli un.

Sarah de Nutte ass fir Tokio qualifizéiert
Um Dënschdeg de Moien huet déi international Dëschtennisfederatioun bestätegt, dass d'Sarah de Nutte iwwert hir Weltranglëschteplaz qualifizéiert ass.

8 COSL-Athlete sécher dobäi

Mam Bommstousser Bob Bertemes, dem Schwëmmer Raphaël Stacchiotti, der Cyclistin Christine Majerus, zwee männlech Cyclisten, dem Dressur-Reider Nicolas Wagner, an deenen zwou Dëschtennisspillerinnen sinn aktuell schonn 8 COSL-Athleten sécher a Japan dobäi. Op d'mannst een Triathlet dierft et nach packen. Dann ass d'Schwëmmerin Julie Meynen och esou gutt wéi dobäi. De Schwëmmer Julien Henx huet d'Hoffnung nach net opginn. De Leefer Charel Grethen huet gutt Chancë sech fir Tokio ze qualifizéieren.