Den 29 Joer alen Handspiller Tommy Wirtz verléisst d’Rimpar Wölfe vu Würzburg.

Dëst huet de jonke Profispiller aus private Grënn fir sech entscheet. Hie steet vun der nächster Saison un dann erëm zu Saarlouis um Terrain, wou hie scho vun 2018-2019 gespillt huet.

Et war dem Tommy Wirtz awer wichteg, dëse Club net einfach esou ze verloossen. A soumat huet hie sech entscheet, säi leschte Salaire fir de gudden Zweck un eng Associatioun, déi sech am Kampf géint de Kriibs asetzt, ze spenden.

Ugangs der Saison hat de Club den Tommy gefrot, fir en Deel vun enger Campagne géint de Kriibs ze sinn. Ouni mat der Wimper ze zecken, huet den Tommy sech heivir agesat. Duerch d’Pandemie konnt hie sech awer net an deem Moos asetzen, wéi hie sech dat ugangs virgeholl hat.

Et war mir dofir wichteg, datt ech eng Méiglechkeet fannen, fir dëst erëm gutt ze maachen. A soumat hunn ech mech dozou entscheet, mäi leschte Salaire un déi super Associatioun  „Hilfe im Kampf gegen Krebs“ ze spenden.