Dëschtennis-EM
Ni Xia Lian a Sarah de Nutte packen et am Dubbel an d'Véierelsfinall

Op der Europameeschterschaft am Dëschtennis zu Warschau a Polen leeft et gutt fir d´Ni Xia Lian an d´Sarah de Nutte.
Den Dubbel steet nämlech, no enger 3:1-Victoire géint eng ungaresch Koppel, an de Véierelsfinallen. Am Tour vun de leschte 8 Dubbele spillen d'Lëtzebuergerinnen e Samschdeg géint eng Koppel aus Däitschland.
An och am Eenzel leeft et weiderhi gutt fir déi zwou FLTT-Dammen, well béid Spillerinnen hunn de Sprong an d'Aachtelsfinalle gepackt.
Am meeschte gelies