E Samschdeg de Moie war den uerdentleche Kongress vun der Handballfederatioun.

Déi 21 Punkte vum Ordre du Jour goufe bannent ronn zwou Stonnen duerchgeholl. Dëse Kongress war roueg an hat och kee gréisseren Highlight. De Kongress gouf zu Maacher organiséiert am Kader vun de 40 Joer vum Miseler Veräin.

Zréckzebehalen ass, datt de Vizepresident vun der Federatioun Thierry Wagner aus perséinleche Grënn säi Mandat opginn huet. Hie bleift awer nach am Conseil d’Administration. Et gouf nach keng nei Persoun op deem Posten nominéiert.

Déi finanziell Situatioun war 2020 trotz Covid positiv bei der FLH. Fir d’Joer 2021 ass et schwéier, Prognosen ze maachen, well villes nach onkloer ass.

Um Kongress gouf mat just enger Enthalung a soss nëmme positive Stëmmen den Transfert vum Ex-Beetebuerger Veräin an déi Suessemer Gemeng ugeholl. Den neie Veräin heescht elo offiziell Handball Bieles.

Wéi gewinnt goufe verschidden Statutenännerungen an nei Reglementer ugeholl.

Handball Kongress / Reportage Serge Olmo

Schreiwes vum Handball Bieles

Den HBB offiziell op der AG vun der FLH als Handball Bieles ugeholl ++

No ville Méint an deenen den HBB schonn als Handball Bieles opgetrueden ass, war haut eng wichteg Etape fir de Projet « Handball Bieles ». Ob der Generalversammlung vun der FLH.lu hu missen déi nei Statuten an domat de neie Numm Handball Bieles wéi och e siège an der Suessemer Gemeng duerch déi aaner Veräiner ugeholl ginn. Mat enger Enthaalung an soss ausschléisslech « Jo »-Stëmmen ass dëst ugeholl. Heiduerch waert den HBB dann ab elo och säitens der FLH offiziell als Handball Bieles optrieden an och de neie Logo offiziell verwendt ginn. 

Als lescht Etape waart elo nach den Ofschloss vun der Testphase an der Gemeng Suessem. Dës leeft bis Mëtt Juli, wou dann eng Entscheedung getraff gëtt, ob den HBB elo feste Bestanddeel vum Suessemer Veräinsliewe gëtt!

Et ware vill Etapen an e laange Wee, ma lues awer sécher kennt Liicht um Enn vum Tunnel, an mir si frou, dass mir déi nei Saison hoffentlech dann definitiv a ganz als Handball Bieles spille kennen, an déi vergaangen Zäit hannert eis loossen!